Alice siicht en Doheem

Ech, d'Alice hu nach ëmmer net déi richteg Famill fonnt an et géif mir gudd doen fir kënnen méi ausgeglach ze sinn. Ech sinn e wonnerbaren Rottweiler vun 3 Joer a weihen 40 kg. Mäi Liewen virdrunn war net allzevill harmonesch. Ech war net gewinnt trëpplen ze goen an dofir sinn ech elo nach e wéineg opgedréint wann ech aner Muppen gesinn. Meng Frëndinn Elodie seet, dass ech léif, verschmust, verspillt an immens treih sinn. Meng Fleegefamill kuckt gudd no mir a

mir spillen zesummen. Oft schloofen ech niewt hinnen an der Fotell an. Ech muss iech och nach vu mengem Hautprobleem erzielen wou mer probéieren an de Grëff ze kréien. Oft héieren ech, dass Läit "en Hond adoptéiere wëllen, deen wierklech Hellef brauch an Schwieregkeeten huet eng Famill ze fannen". Dofir rufft Amiavy ënnert der N.: 661 854 620 a gidd mir eng Chance, ärt Alice