D'Schwëster Danièle Kayser an hir 5 Schülerinnen hu sech viru kuerzem getraff

Trotz Corona, konnten déi fréier Schülerinnen d’Schwëster Danièle nees an hirer Aarbecht mat Kanner, déi den Ulcère de Buruli hunn, ënnerstëtzen. An dat war nëmmen méiglech well d’Schülerinnen nees vun esou vill Leit ënnerstëtzt gi sinn.


„Ulcère de Buruli“ ass heelbar, mee d’Behandlung dauert oft ganz laang. Vill Elteren kënnen den Openthalt vun hirem Kand an der Klinik net bezuelen an d’Behandlung, wou d’Aussiichten op eng Heelung scho wäit virugaange sinn, misst ofgebrach ginn. D’Schwëster Danièle, zesummen mat den Doktren an och dem Personal, versichen trotzdem ëmmer nees dëse Kanner ze hëllefen.

Informatiounen iwwert den „Ulcère de Buruli“ kann ee bei „Arlette Créations“ kréien wou déi fréier Schülerinnen sech regelméisseg treffen a fir hire Projet schaffen.