The same procedure as every year ..... An dat zënter 6 Joer!

Diddeleng: Déi 5 fréier Schülerinne vun der Schwëster Danièle hu sech nees reegelméisseg getraff fir ze bitzen, ze bastelen a si waren och op Floumäert dobäi.


Duerch déi Fotoen, déi d’Schwëster Danièle hinne regelméisseg schéckt, si si nach ëmmer motivéiert fir virun ze schaffen.


Duerch de Verkaf vun de Bastelaarbechten a vun de Saachen, déi si fir de Floumaart kréien, konnte si der Schwëster Danièle och dëst Joer nees e Scheck iwwerreechen. D’Schwëster Danièle bekëmmert sech op der Elfebeeküst em Kanner, déi „Ulcère de Buruli“ hunn. Dës Krankheet ass heelbar, mee d’Behandlung dauert awer ganz laang. D‘Sue gi gebraucht fir de Kanner, deenen hir Elteren déi ganz Käschten net bezuelen kënnen, eng Chance op Heelung ze ginn.


Dass der Schwëster Danièle hir fréier Schülerinne hir och dëst Joer nees e Scheck iwwerreeche konnten, verdanke si all deene Leit, déi si ëmmer nees ënnerstëtzen.