„Ulcère de Buruli“ - Schwëster Danièle Kayser

D’Schwëster Danièle bekëmmert sech op der Elfebeeküst em Kanner, déi „Ulcère de Buruli“ hunn. D’Behandlung vun dëser Krankheet, déi heelbar ass, dauert ganz laang. A ganz oft kënnen d’Elteren den Openthalt an der Klinik net bezuelen. An esou Fäll misst, ouni finanziell Ënnerstëtzung, d’Behandlung no enger Zäit wou d’Aussiichten op eng Heelung scho wéit viru gaange sinn, ofgebrach ginn.

Zanter 7 Joer schaffe 5 vun hire fréiere Schülerinnen zesummen fir den „Ulcère de Buruli“. Vun hirem Enthusiasmus hu si bis haut nach näischt verluer an dat nëmmen well esou vill Leit si ëmmer erëm ënnerstëtzen. An dofir soe si villmools Merci!

Wéinst dem Covid19 mussen si dëst Joer no neie Méiglechkeeten sichen fir ee Betrag zesummen ze kréien fir der Schwëster Danièle och d’nächst Joer kënnen ee Scheck ze iwwerreechen.