En aussergewéinlecht Schouljoer- eng aussergewéinlech Diplomfeier am LCE!


Villes war an dësem Schouljoer fir d'Primaner vum LCE net esou wéi am Ofschlossjoer vun hire Virgänger: D’Primanerfester, d‘Grille bei de Proffen, d‘Rees op Lloret, souguer déi traditionell Klassefoto huet wéinst der Corona-Pandemie missen ausfalen. Duerfir huet d’Direktioun alles dru gesat, fir de Primaner eng schéin Diplomfeier an eng Erënnerungsfoto an der Orangerie z‘erméiglechen. 


No engem Kader huet net laang misse gesicht ginn: De pittoresken Abteihaff, deen dem „social distancing“ beschtens entsprécht, war déi perfekt Location fir déi 400 Leit, déi un der Diplomiwwerreechung deelgeholl hunn. Dobäi huet d‘Gemeng Iechternach bei der Realisatioun vun dësem Owend  vill gehollef. Si huet net nëmmen d‘Still geléint, mee d’Equipe vum Fierschter Tom Muller huet innerhalb kierzester Zäit eng stabil Bün virun der Haapttrap opgeriicht, déi vum technesche Personal vum LCE amenagéiert a vun der Gäertnerin vum Iechternacher Lycée wonnerschéi mat Blummenarrangementer dekoréiert gouf.


An du war et de 6. Juli 2020 owes sou wäit: Eng 81 Primaner kruten a Presenz  vun der Madamm Minister Carole Dieschbourg hire wuel verdéngte Premièresdiplom iwwerreecht.  


A senger Ried  huet den Direkter Henri Trauffler dat excellent Resultat vun de Schüler ënnerstrach an hinne vill Erfolleg fir hier Zukunft gewënscht. Als Historiker huet hien déi aktuell Pandemie mat méi oder manner bekannte Pandemië verglach. De Mathematiksprofesser Roger Klein huet a  senger Ried e nostalgesche Bléck op seng Zäit als Proff am LCE gehäit, déi mat dësem Schouljoer op en Enn geet. Schliisslech huet de Vertrieder vun de Schüler, de Sam Rodrigues, dem Public e lëschtege Réckbléck op seng Schülerkarriere am LCE geliwwert.


Fir de musikaleschen Encadrement  vun dësem Owend hunn de Georges Urwald (Piano), d‘Catherine Bley (Altsaxophon) an d‘Linda Theato (Cello) gesuergt. 


D’Amicale des Anciens vum LCE huet et sech net huele gelooss och dëst Joer rëm de beschte Premièresschüler pro Sektioun e Kaddo ze maachen. Nei war dëst Joer och d’Bourse fir jeeweils de beschte Schüler am Franséischen, am Latäin an an der Geschicht, déi vum Henri Grethen, engem Ancien vum LCE, an d’Liewe gerouf gouf an déi dëst Joer fir d’éischt verdeelt gouf. D’Lena Kinn, d’Julie Santer an den Olivier Michiels konnten sech iwwert dësen onerwaarte „Geldsegen“ freeën. Dës Stëftung, d‘Fondation Candida, ass ënnert der Egide vun der Fondation de Luxembourg am Gedenken un déi eemoleg Iechternacher Professeren Alice a Jos Wolzfeld gegrënnt ginn.


De Laurent Weber, Enseignant am LCE, huet sengersäits de Famillje vun de Laureaten och e schéine Kaddo gemaach. Hien huet déi stolz Eltere mat hire Kanner an der Orangerie fotograféiert. Sou hunn och si eng Erënnerung un dës memorabel Diplomfeier.