Konscht fir den Déiereschutz


Scho fir déi zweete Kéier huet d’Première E vum Iechternacher Lycée am Verlaf vum leschte Schouljoer e Kalenner fir d‘Diddelenger Déierenasyl kreéiert. Vun de Schüler goufen net just immens flott Zeechnunge vun Hënn a Kaze realiséiert, mee si hunn och de komplette graphesche Layout selwer iwwerholl. Dank der viller a gudder Aarbecht vun eise Schüler an hire Proffen, der Madamm Staar an der Madamm Gudendorf, ass sou e ganz schéinen, groussformatege Kalenner entstanen, dee sech wierklech weise léisst.


A Präsenz vum Här Paul Weber, President vum Diddelenger Déiereschutzveräin, gouf de Kalenner de 15. Oktober 2019 am Kräizgank bei enger klenger Feier presentéiert. Als Merci fir hir wäertvoll Aarbecht, mat där d’Schüler an hir Titulairen e wichtege Bäitrag zum Déiereschutz geleescht hunn, goufen si vum Här Weber an d’Asyl invitéiert, wou si eng komplett Visite Guidée kruten an dat eent oder anert Déier perséinlech kenneléieren duerften.


De Kalenner ka fir 15 Euro am Sekretariat vum LCE kaaft ginn an den Erléis geet integral un d’Diddelenger Déierenasyl(www.asile.lu).