"Septimanerrallye 2019" am LCE


An der éischter Oktoberwoch hunn all d‘Septimaner aus dem Iechternacher Lycée zesumme mat hire Regenten an Enseignanten un engem Rallye mat Spiller a Quizfroen an a ronderëm hir nei Schoul deelgeholl. Dobäi konnten déi verschidde Klassenteams am Museksunterrecht bei engem Lauschterquiz Lidder eraushéieren, am Sport Teambuilding-Spiller maachen an am Konschtunterrecht e flott Bild mat engem Spirograph zeechnen. 


Op deenen eelef verschiddene Statiounen hunn déi jéngsten LCE-Schüler net nëmmen d’Raimlechkeete vun hirer neier Schoul entdeckt, mee si hunn och d’Personal vun den eenzele Servicer, dem SePAS, dem Service Socio-Educatif an der Léierwierkstat, kennegeléiert. 


Dertëscht hunn d' Schüler de Membere vum Grupp „Pâtre et Moine“, déi hinnen op den eenzelen Etappen Interessantes iwwert d’Geschicht vun hirer Schoul verzielt hunn, andächteg nogelauschtert. Dës Informatiounen hunn si gebraucht, fir de Froebou auszefëllen, dee mat an d'Bewäertung vun all Grupp agefloss ass. Nei derbäi waren dëst Schouljoer d’Schüler vun der Optioun GoGreen, déi de Recyclingsystem vum Lycée op spilleresch Aart a Weis erkläert hunn. Um Enn vum Rallye goufen d’Punkte vun de verschiddene Klassen zesummegerechent an de Gewënner ermëttelt. 


Owes kruten d’Eltere vun eise Septimaner e Patt vun der Direktioun vum LCE offréiert. Dëst war fir si eng flott Geleeënheet fir de Regente vun hire Kanner ze begéinen. A senger Ried huet den Här Henri Trauffler, Direkter vum LCE, der Madamm Marion Weydert an dem Här Jean-Paul Mirkes fir d’Organisatioun vun dësem Rallye Merci gesot.