Firmung zu Iechternach

Gruppefoto mat den Gefirmten an mam Kardinol, Firmung Paroisse Regioun Iechternach Saint-Willibrord / Foto: Viktor Wittal

De Freideg, den 9. Juli 2021 um 18.30 Auer war et sou wäit. Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet zu Iechternach 32 Jugendlechen an Erwuessenen d’Sakrament vun der Firmung gespent. Scho virum Covid hu si ugefaangen sech op d’Firmung virzebereeden. Nom Confinement haten si d’Méiglechkeet, all Woch, zesumme mam Virbereedungsteam (Josiane Mirkes, Carlo Morbach a Luc Schreiner) an der Basilika iwwert hire Glawen nozedenken, ze diskutéieren, ze bieden an ze sangen. 32 jonk Mënschen, mat ënnerschiddlech intensiver Bindung zur chrëschtlecher Gemeinschaft, hunn de Wäert vum Glawen a vun de gemeinsame chrëschtleche Wäerter nei fir sech entdeckt oder verdéift.

D’Feier vun der Firmung war e wichtege Moment. Texter ze schreiwen an ze liesen, Lidder virzebereeden an ze sangen huet Bindunge geschafen ënnerteneen. Musikalesch begleet gouf d’Mass vun engem Grupp Kantoren, Sängerinnen a Sänger ronderëm den Tom Osborne op der Gitarre, dem Libby Kramer op dem Keyboard, dem Millie Benecké an dem Claire Kuffer op der Flütt an dem Basilikaorganist Jos Majerus op der Uergel.

E grousse Merci u jiddereen, de gehollef huet an de Wee matgaangen ass.


Text: Josiane Mirkes

Foto: Viktor Wittal