Erënnerung un den René Trauffler

Samsteg, den 3.Juli 2021 hätt onsen Papp, Schwéierpapp an Bopa, den René Trauffler, seng 100 Joer kritt. Mir, seng Kanner, Pierre, Liette an José an een Deel vun der Famill, hunn dësen Dag mat enger klengen, würdeger Feier um Kirfecht zu Märel bei sengem Graaf an Präsenz vum Chanoine Här Th. Valin un hien erënnert.

Den René Trauffler ass am 2. Weltkrich als Resistenzler durch d’Hell vum KZ Buchenwald an KZ Sachsenhausen gangen an war och op dem schrecklichen Doudesmarch 1945.

Hien war e groussen Patriot, een wonnerbaren Papp an Familjenmensch, beléift bei villen Leit durch seng Einfachheit, Bescheidenheit an Hëllefsbereetschaft.

Mir wärten hien nie vergießen.

Seng Famill 


Text vum: José Trauffler