Iechternach: d‘Klass 56-58 vun der Ackerbauschoul feiert hire Konveniat.

Op Aluedung vun der Amicale des Anciens du LTAE an e puer Organisateuren hunn sech viru kuerzem 34 „Jonkgebliwwener“ zu Iechternach an der Abteistad getraff fir hire Konveniat ze feieren.

Eng ganz interessant a léierräich „Visite guidée“ vun der Basilika ënnert der Féierung vum Schoulkomerod Fred Schaaf stoung um Programm.

Vum Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler goufen si dono am Dënzelt empfangen,si kruten Erklärungen iwwer d’Sauerstad Iechternach an uschléissend gouf den Éierewäin offréiert.

Beim Mëttegiesse sinn allerhand schéin Erënnerungen an Anekdoten opgefrëscht ginn. Genau 100 Schüler hunn deemools d’Schoulbänk zesumme gedréckt, an deen Dag gouf awer och un déi 28 Klassekomerode geduecht, déi leider scho verstuerwe sinn.

Dee nächste Konveniat ass am Fréijoer 2020 am Elsass geplangt.

Pier Freichel via mywort.lu