Och dëst Joer geet de Grupp "Les Violons" nees mat der Sprangprozessioun. All eis Membren an och nei Interesséiert sin häerzlech wëllkomm, souwäit se Gei, Flütt, Gitar, Akkordeon oder Rabbeltromm spillen. Mir treffen eis Päischtdënsdeg, den 30. Mee em 9 Auer am Proufsall vum Chouer virun der Basilika. Entrée: beim Blummegaard vis-à-vis vum Trifolion. Fir Noutematerial kann ee sech un de Willibrordus-Bauveräin adresséieren (BP 65, L-6401 Echternach / Tël. +352 26 72 31 85).