Muttergottes- resp. Lourdesgrotten an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall

Muttergottes- resp. Lourdesgrotten

an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall


D'Ziel vun dëser Publikatioun ass et, op de reliéise Patrimoine vun de Muttergottes- resp. Lourdesgrotten an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall opmierksam ze maachen. Et soll en Ufank sënn, heiduerch ginn ech vläicht nach op aner Grotten higewisen, déi ech bis elo nach net kennegeléiert hat an duerno des Opstellung komplettéiere wäert.

An der Regioun Mëllerdall – Kleng Lëtzebuerger Schwäiz fënnt e vill kulturelle a reliéise Räichtum. Heibäi ginn d´Muttergottesgrotten awer net vergiess och wa wéineg op si higewise gëtt oder hir Plaz oft onbekannt a schwéier ze fannen ass. Heimat wëll ech dozou en Ufank maachen an op si hinzeweisen. Unerkenne wëlle mer awer och déi vill benevole Aarbecht déi hei gemaach gëtt fir des Plazen propper ze maachen an ze ënnerhalen.

Ech beschränke mech des Kéier op eng Säit pro Grott, mat 2 Fotoen a mat engen Hiweis ( * ) wou een des Grotte fënnt oder siche goe kann. Et soll e Versuch sënn dëse wäertvolle reliéise Patrimoine ze erhalen, e méi bekannt ze maachen an opzewäerten.

D´ chrëschtlech Traditioun war hei am Land an, an eiser Regioun deif verwuerzelt, Relioun an d´Kierch hunn eis Landschaft an hir Dierfer gepräägt, esou sinn och d´Grotten um Hannergrond vun dësem déiwen chrëschtleche Glawen entstanen. Zu all Grotte gëtt et och nach eng geschichtlech Beschreiwung, dat soll dann bei der nächste Kéier publizéiert ginn, vläicht op enger anerer Plaz zesummen mat der Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord

Net all Grotte fann dir direkt niewent enger Strooss, munchmol ass e klengen Ëmwee néideg. Och oft muss een vum Parking eng kleng Promenade maachen. Bei esou engem klenge Fousswee genéisst en dann de Charme vun der Regioun vum Mëllerdall an da kritt een Loscht séi Wee nach ze verlängeren.