Commemoratiounsdag 2018 an der Gemeng Habscht

Och an dësem Joer huet d’Gemeng Habscht zesummen mat hiren Awunner de Commemoratiounsdag ze wierdege gewosst. Un dësem speziellen Dag hunn d’Bierger an de Schäfferot sech zu Rued, Gräisch, Simmer, Habscht an Äischen getraff fir sech un d‘Affer vun der Naziokkupatioun a vum zweete Weltkrich ze erënneren, wéi ëmmer ënnerstetzt vun de Pompjeeën an de lokale Veräiner.


Den Ofschloss war zu Äischen wou all d’Bierger a Veräiner souwéi d‘Gemengenresponsabel sech zu engem gemeinsame Cortège forméiert hunn deen sech a Richtung Kirch op de Wee gemaach huet. No der Mass gouf dunn déi läscht Gerbe zu Äischen néiergeluecht.