Dag vum Bam 30/11/2018

Freides, den 30. November 2018


Och dëst Joer hunn d’Kanner aus dem Cycle 3.1 aus der Primärschoul vun der Gemeng Habscht erëm um « Dag vum Bam » deelgeholl an am Bongert hannert der Schoul « Vir Wëller » zu Äischen e puer Uebstbeem an Hecke geplanzt.


Un dësem schéinen Dag, haten déi kleng vill Freed, fir mat der Ënnerstëtzung vun de Gemengenaarbechter an der Emweltkommissioun d’Uebstbeem ze planzen an déi jonk Kréischelshecken ze setzen.


No gedoener Aarbecht huet sech d’Emweltkommissioun et net huele gelooss, fir deene klenge Gärtner als Belounung e Glas Viz an e Boxemännchen zum Beschten ze ginn.