Niklosfeier an der Gemeng Habscht - 01/12/2018

Och an dësem Joer gouf an der Gemeng Habscht eng Niklosfeier organiséiert déi vill Leit aus der Gemeng ugezunn huet. No de Virféierungen vun de Kanner an Zesummenarbescht mam Léierpersonal, krut all Kand eng Tiittchen déi am Centre de jour “Autisme Luxembourg Asbl ” zu Biekerech agepaack gi sinn.


A senger Usprooch, bedankt sech de Buergermeeschter Serge Hoffmann bäi der Elterevereenegung vun der Habschter Gemeng fir déi ganz Organisatioun souwéi och bäi de Musiksveräiner fir hir musikalesch Begleedung während dem Fest.