Chèque-Iwwerreechung vum Tour sensationELL

Am Kader vun hirem „Tour sensationELL“ hunn d’Schoulkanner aus der Schoul um Fräschepillchen vun Ell wärend 10 Woche Kilometere gesammelt, dëst beim Spadséieren, oder wa si an de Bësch waren, …

D’Kanner hu sech een (oder méi Sponsoren) gesicht, dee fir all Kilometer, deen d’Kand gaangen ass, ee vun him gewielte Montant bezuelt huet.

No 10 Woche konnten d’Kanner ee sensationELLt Resultat vu 5551km an 11.600€ opweisen.

Den 29.09.2021 goufen dës Suen, am Kader vun enger klenger Feier un d’SOS-Kannerduerf Lëtzebuerg iwwerreecht.

Ee grousse Merci un all d’Kanner an un all hir Sponsoren.