Grouss Botz an der Gemeng Ell

Dëst Joer ass d'grouss Botz nees a gewinnter Form a bei guddem Wieder ofgehale ginn. Et hate sech vill Fläisseger op de Wee duerch eis Gemeng gemeet fir den Dréck an de Stroossen a Feldweeër anzesammelen. Duerno gouf et eng gutt Stäerkung zu Ell fir all de Participante Merci ze soen.

Hinnen all e grousse Merci vun dëser Plaz a bis nächst Joer.