Samschdes, den 29. Mäerz war nees di traditionell grouss Botz an den Dierfer
Nidder- an Uewerkolpech, Kleng-Elchert a Rued. Et gouf äifreg bei guddem Wieder
agesammelt. Am Centre Camille Ney gouf et duerno ee Pättchen an eppes Klenges z'iesse. D’Gemeng Ell seet all deene Fräiwëllegen ee ganz grousse Merci fir hir gutt Hëllef a bis nächst Joer.