Scheckiwwerreechung zu Ell am Centre Camille Ney

Kierzlech war an der Gemeng Ell Neijoerschreceptioun. No enger klenger Usprooch vum Buergermeeschter dem Här Armand Schuh, huet hien och vun der Geleeënheet profitéiert véier Schecken ze iwwereechen, déi am November am Gemengerot gestëmmt goufen. Dat waren den Youth & Work S.àr.l vu Réiden, SOS Faim asbl an dann nach zwee Done fir di schro Iwwerschwemmungen am Summer 2021, ee mol fir Rouspert-Mompech hëlleft asbl an emol fir d'Gemeng Iechternach.