D'Schoul um Fräschepillchen

Als kleng Iwwerraschung an dëser komescher an ongewinnter Zäit vum Confinement mam Slogan „Mir bleiwen doheem“, haten d’Jofferen an d‘Schoulmeeschtere vun der Schoul um Fräschepillchen d’Iddi, de Kanner d’Zäit doheem mat engem klenge Cadeau ze verschéineren.

D’Gemeng war begeeschtert fir matzemaachen, an esou krut all Kand vum Ouschterhues ee Sprangseel respektiv Raquette geschenkt.

Hei e puer Impressioune vu begeeschterte Kanneraen.

D’Léierpersonal seet alle Kanner, allen Elteren, der Maison Relais, an deem ganze Gemengepersonal EE GROUSSE MERCI fir déi gutt Zesummenaarbecht an Hëllef an deene leschte Wochen. Bleift gesond!