GROUSS BOTZ GEMENG ELL

Och zu Ell haten sech dëst Joer virun Ouschteren nees vill Fräiwëlleger op Invitatioun vum Schäfferot versammelt fir d'Stroossen an Trëppelweeër aus der Gemeng ze botzen. An et gouf nawell vill Dreck agesammelt an vun den Gemengenaarbechter entsuergt. Als Ofschloss gouf et natierlech ee Patt an ee gudde Maufel fir Merci ze soen.

Viviane Wagner via mywort.lu