Margot Coljon 85.Joer

Den 2. September 2020 ware mer zesumme mam Schäffen- a Gemengerot am “Café beim Margot” fir der Jubilarin fir de 85. Gebuertsdag ze gratuléieren. D’Margot ass als eenzegt Kand den 1. September 1935 hei zu Ell gebuer. Seng Eltere waren de Jean Coljon an d’Irma Thill, an si haten eng Schräinerei an der Nojenerstrooss zu Ell. D‘Schoulbänk huet d’Margot zu Ell an duerno zu Atert an der d’Haushaltungsschoul gedréckt, sou wéi dat déi Zäit üblech war. Mat 18 Joer ass d’Margot op d‘Rees gaangen an huet eng Plaz zu Bréissel an engem Stot fonnt. Et ass nit nëmme geschafft ginn, mee et gouf sech och ameséiert, well hatt war an ass nach ëmmer e gesellege Mënsch. Zu Bréissel huet hatt och säi Mann kenne geléiert, mat deem et sech 1957 do bestuet huet. Zesummen hunn si zwee Jonge kritt. Voller Stolz kuckt d’Margot haut nit nëmmen op seng zwee Jongen, mee och op seng dräi Enkelkanner. Nit nëmmen am Stot mee och am Beruff stoung hatt sengem Mann tatkräfteg zur Säit. Vun 1976 un huet d’Margot den déizäitege “Café des Sports” geschmass, wat hatt haut och nach ëmmer mat Léift mécht. Mir wënschen him, dass hatt nach vill Joren hannert dem Comptoir steet, vill Owender mat der Kaart ka spillen an d’Gesellschaftsliewen am Duerf hei zu Ell nach laang oprecht erhält. Mir hiewe mat him eist Glas a wënschen nach vill glécklech Joren.

Prost Margot a Merci fir alles a bleif gesound.

De Schäffen- a Gemengerot