Kulturhierscht zu Elleng

All Joer organniséiert d'Amicale Elleng asbl. ee Kulturhierscht. Den Obtakt war eng flott Kiermesausstellung vum Kënschtlerverain Art et Création, Munneref, déi een de ganze Kiermesweekend kuke konnt goen.

Samschdes ass Munnerefer Musek durch Gaassen den Hæmmelsmarsch bloose gaangen an Chorale A.E.M. huet eng schéi Mass gesong.

Weider steet eng Theaterobféierung vum Theaterensembel "Enner Wouer" um Programm mat dem lëschtege Steck : Lourdes...oder Pãischtcroisière (Frank Kuffer) Gespillt gët den 18. 19. an 20.11.