Dag vum Bam

D'Emweltkommissioun huet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng den Dag vum Bam gefeiert. Zu Éiere vun de Kanner,déi am Joer 2024 op d’Welt komm sinn, ass ee Rotahorn op der Spillplaz an der Rue du Cimetière zu Ierpeldeng geplanzt ginn. Et war eng flott Ambiance mat den Elteren an de Gemengevertrieder. Ee waarmt Gedrénks an ee klenge Maufel hun dës Aktioun ofgeronnt. Eng Plaquette mat de Virnimm vun der Kanner wärt dorunner erënneren.