Seniorefeier

De Syndicat d'Initiative et du tourisme hat nees eng Feier fir d'Senioren an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer organiséiert. A charmanter Atmosphär a mat engem Mëttegiessen am Hotel Dahm sinn d'Senioren aus der Gemeng geéiert ginn. D'Leit mat ronnem Gebuertsdag kruten zu dëser Geleeënheet ee klenge Kaddo. Op enger gemeinsamer Foto gouf dësen Dag festgehale