Aweiung « Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen » vun der APEMH zu Esch (27.09.23)

Gëschter Owend gouf a Presenz vum Familljeminister Max Hahn, dem Escher Schäffen Christian Weis, der Directrice générale vun der APEMH, Michèle Racké an der Selbstvertriederin vum Zentrum, Angie Redinger a weideren 60 Invitéen, den Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen, op der Adresse 16, rue de Luxembourg zu Esch, offiziell ageweit. Dësen Zentrum gouf mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région souwéi dem Architektebüro COEBA renovéiert.

Den Zentrum ass en Treffpunkt fir erwuesse Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung, awer och fir all aner Persoun an Organisatioun, déi interesséiert ass mat eis a Kontakt ze kommen. Dernieft hunn och 3 weider Servicer vun der APEMH (Aktiff, EVA, SAS) hir Büroen an dësem Gebai. Zesumme bidde mir op dëser Plaz d’Méiglechkeet, fir Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung, Informatiounen a Berodung zum Thema selbstbestëmmt Liewen ze kréien, un thematesche Workshops sou wéi u Fräizäitaktivitéiten deelzehuelen. Doriwwer eraus ass den Zentrum och déi richteg Plaz fir inklusiv Projete mat eise Partner ze realiséieren an esou eisem Zil vun enger inklusiver Gesellschaft méi no ze kommen.

Den Zentrum gouf vun den éischten Iwwerleeung un a Ko-Produktioun mat de Léit mat Beanträchtegung ugeduecht a realiséiert. Dëse gemeinschaftleche Gedanke gëtt och an der Alldagsaarbecht ëmgesat, sou dass d’Léit den Zentrum aktiv matgestalten an Deel vun dëser Entwécklung sinn.