Escher Kuturlaf 2017

De leschte Samschden war déi 11. Oplag vum Escher Kulturlaf wou 2.900 Leefer deel geholl hunn. De Startschoss huet de Finanz-Minister Pierre Gramegna ginn. Bei him um Start war déi Escher Buergermeeschtesch Vera Spautz an den Organisateur Dr. Martin Cox. Et huet mat Sonn ugefaangen an huet tëschenduerch gereent. Wou d'Leefer ukomm sinn, waren der vill um Enn a frou, dass et fäerdeg war, awer frou, dass se mat gemaach hunn. Dro kruten si eng plastiks Reenjackett déi optimal war fir net direkt kal ze ginn. No enger Energieopnaam waren d'Leefer dann och nees voll do. Ugefeiert goufen d'Leefer vu Museksgruppen, Dänzer, Cheerleeders a vun engem begeeschtertem Publikum.