U12 vum HB Esch

De Sonden 26/04/2015 sinn U12 (Jugendequipe) vum HB Esch zesummen mat hirem Trainer Hummer Cedric (den dat ganzt organiséiert huet), den Handball Lännermatch fir Qualifikatioun fir d‘EM Däitschland-Schwäiz op Tréier kucke gaang. Fir d'Escher Bouwen woar dat natierlech en onvergiesslechen Dag, si konnten nom Match, Autogrammer vun den Handballstaren ( ewei Silvio Heinevetter, Uwe Gensheimer, Patrick Wiencek, Erik Schmidt asw) siche goen an Fotoen mat hinne maachen. De Match ass 30-18 zu Gonschten vun Däitschland ausgaangen.