Séi Léidies / Generalversammlung mat Scheckiwwerreechung

Leschten 1.Februar huet SéiLéidies asbl op hir Generalversammlung 2022 invitéiert. Obwuel dat Joer nach durch e reduzéierten Aktivitéitsprogrmm markéiert war hott de Veräin sech ët néck huele geloss een Deel vun de Recetten ze spenden. De Scheck vun 2000,-€ gung un Arti'chok clowns. Si intervenéiren an Institutiounen wéi Alters- a Fleegeheemer oder zBsp am Tricentenaire. Hier Uerbicht baséiert op regelméissege Visiten an erlaabt domat och e Suivi vun de Patienten respektiv eng Évaluatioun iwer eng mi lang Zäit.

d'Séi Léidies hu sech iwer 5 nei Membren gefreet an sech geschwuer am Joer 2023 nees méi aktiv ze sënn. Sou gouf dann och direkt eng Sortie fir d'Fréijoer an d'Weeër geleet. Desweideren fënnt, wéi säit epuer Joer schon, all Mëttwoch vun 18h30 - 20h00 e Yogacours vum Sabine Tonnar zu Kauneref am Festsall statt. Bei Intressen kontaktéiert äis ënner seileidies@gmail.com