Päischtmoundig Pressioun a Festmass um Përmesknupp

Liewig Veréierung vum Hëlligen Pirmin - eng Realitéit an eiser sou hektischer an skeptischer Zäit?


“Liewigen Përmesknupp” dat ass de Motto vun de Feierlichkeeten zum 50zigst Grënnungsjoer vun de Përmesfrënn.

Wéi am Joer 1973 den Här Paschtouer Pierre Ries d’Iddi lancéiert huet fir een Veräin fir den Hëlligen Pirmin ze grënnen, sou war seng Haaptsuerg fir der Veréierung vum Hëlligen Pirmin an dem Përmesknupp eng liewig Zukunft ze schenken. Keen hat den Ament eng Anung wi grouss an wichtig dës Iddi sollt ginn

Awer déi Iddi ass op fruchtbaren Buedem gefall, 12 Persounen hunn deen éischten Komité gegrënnt an vun Ufank un eng wonnerbar Uerbicht geleescht. Un Sie an all aner Verstuerwen Kommiteesmemberen hu mer den 11. Mäerz matt Respekt an Dankbarkeet an enger schéiner Feier matt hiren Famillen an deenen 3 nach presenten Grënnungsmemberen geduecht.

An elo sinn vun där Zukunft déi Si dem Hëlligen Pirmin an dem Përmesknupp wollten schenken scho 50 Joer vergangen. Dank villen, ganz villen Leckt, de kierchlichen an zivillen Verwaltungen, awer och deenen verschidden Veräiner déi sech Joer fir Joer un der Pressioun bedeeligen an all deenen Benevollen déi hir Zäit, hiert Wëssen an hir Uerbichtskraaft an den Dingscht vun eiser nobeler Saach stellen, ass d‘Veréierung vum Pirmin néck an de Vergiess geroden an de Përmesknupp ass eng reliéis, kulturell an geschichtlich Plaatz bliwwen, wou vill Mënschen hir Batterien erëm opluede kënnen.

Bei wonnerbarem Wieder huet sech e Moundig de Moien eng imposant Prossessioun matt ville Geschtlich Hären an Damen ronderëm de Monseigneur Leo Wagener, Weihbëschof vun Letzebourg, op de Wee durich déi wonnerbar Natur bei den Hëlligen Pirmin gemeet. Begleet vu Gebiet, Musik an Gesank esou wéi ville Massendénger an Streekanner aus der ganzer Por. Sie hunn hieren Dingscht matt vill Freed virum Sakrament verriicht. Dass Monseigneur Leo Wagener matt der Pressioun bei den Hl. Pirmin gepilgert ass war eng immens sympatisch Premiere. Och zwee brav an trei Ieselen sinn matt getrëppelt. Genee wi zu Zäiten vum Hëlligen Pirmin op sengen Pilgerreesen, hu Sie den ënner anerem den Tranport vum Bëschofsstaaf besuerigt... daat war immens sympatisch.

Nom Sakramentalen Seegen um Përmesknupp ass den Här Weibëschof vun allen méi oder manner prominenten awer immens zahlräichen Pirminuspilger häerzlich begréisst ginn an d‘Marly an de Max hunn gudd Saachen aus dem Naturpark iwwerreecht. Zesummen mam Här Weibëschof villen Damen an Hären vum Klerus, déi zum groussen Deel am Laaf vun deenen villen Joeren hei an de Poren an domatt um Përmesknupp gewiirkt hun, ass d‘ Hëllig Mass konzelebréiert ginn. De Gesanglichen Deel hunn d‘Sängerinnen an Sänger vun deenen verschiddenen Dierfer aus der ganzer Por Öewersauer-Sankt Pirmin, ënner der Direktioun vun der Madame Lilianne Cornette a matt der Begleedung vum Organiste dem Här Carlo Grotz, iwwerholl. Eng ganz positiv Erfarung.

An senger Priedigt huet den Här Weibëschof sech e bëssen erstaunt gewisen, dass an eiser schnellliewiger Zäit dës Traditioun vun der Veréierung an der Prossessioun sech konnt iwwer d’Joerhonnerten haalen. Dat eleng wier schonn een klengt Wonner.

Awer hannert dësem klengen Wonner steet och een groussen Mann , an dat ass den Hëlligen Pirmin. De Käer vun sengem Message am fréien Mëttelalter war, dass hien an och d‘Mënschen vun deemols, an och vun haut op enger stänniger Wanderschaft sinn. Eist liewen an striewen soll keng ze déif Wuerzelen hei op der Äerd schloen. Mer sinn all um Passage an mam Ziel vum Liewen an der Éiwegkeet bei Gott. Hien an all déi anner Missionaren vun der Zäit hunn Kléischter gegrënnt an de Glawen an vill Kultur uechter Europa verbreet. Dem Hëlligen Pirmin säin striewen war néck Glanz, Räichtum a Macht unzesammelen, hie ass säi Liewen lang e Wanderer Gottes bliwwen. Grouss an der Hëllef fir seng Matmënschen awer bescheiden wat seng Persoun ugeet.

Do passen och ganz gutt die Ieselen als trei Begleeder vun de Wandermissionaren derbäi. En Iesel hëlt sech just dat wat en brauch fir ze liewen, hien verbëtzt keng Ressourcen an Energie fir onnëtz Saachen, sou wi mer Mënschen fir eise Stolz a Prestige, ouni Rücksicht op kommend Generatiounen. Ieselen si bescheiden an besonnen, sou ginn si duerch hiert Liewen, wann och hei an do mat engem e bëssen staarken Charakter.

Déi Jonk aus der Por “d‘Jesus Followers” hunn an de Fürbitten dës Gedanken ganz gutt eriwwer bruecht. Zum Schluss vun der Feier huet den Här Paschtouer Marco Wehles jidderengem Merci gesot fir d‘Organisatioun an d‘Presenz an der Pressioun an bei der Massfeier.

Mam Här Weibëschof an allen Geeschtlech Damen an Hären an a Presenz vun immens villen Leit sinn am Dall déi zwou Quellen geseent ginn.

Een Éieren Aperitif, offréiert vun der Stauséigemeng, matt Usproochen vun der Madame Presidentin Marianne Thilmany an dem Här Burgermeeschter René Michels, war eng gutt Geleeënheet op déi 50 Joer vun den Amis de Saint Pirmin-Përmesfënn Kauneref unzestoussen an an d’Zukunft ze kucken.

Liewigen Përmesknupp, eise Motto, steet fir e ganzen Koup Manifestatiounen am Laf vun dësem Summer.

Hei eisen Programm : Festweekend “Liewigen Përmesknupp”

14. Juli / 15 Auer Aweiung vum themateschen Pad mat Panneauen ,,Op de Spueren vum Përmesknupp‘‘

An Presenz vun de Ministeren Sam Tanson a Lex Delles.

15. Juli / 15 Auer, Eng liewig Promenade duerch d‘Geschicht vum Përmesknupp / Präis 5€ Umeldung obligatorisch

Owens Live Bands: 19h30 The Tame and The Wild / 21h00 Dëppengéisser Entrée 15€

16. Juli / 16 Auer, Eng liewig Promenade duerch d’Geschicht vum Përmesknupp / Präis 5€ Umeldung obligatorisch

18.00 Auer : Ofschlossmass vum Schouljoer virun der Kapell

19.30 Auer : Concert mam Eisleker Gospel Chouer.


29. Juli: White Dinner um Përmesknupp / E langen Dësch, wäiss gekleete Leckt an der dekoréierter Bamallee virun der Kapell ab 18 Auer.

D’Menue mat regionalen Produit’ën ginn vum Traiteur Niessen geliwwert an zervéiert. Präis vum Menu 70€ Kanner 20€

Weider Infoën an all Unmeldungen iwwer eisen Site www.stpirminkaundorf.lu oder iwwer Telefon 691331955 (10h-12h)

E-Mail : stpirminkaundorf@gmail.com