Veréierung vum Hëlligen Pirmin op Päischtmoundig um Përmesknupp

“Et ass mer wichtig matt de Mënschen och ausserhalb vun der Kierch ze bieden, - einfach esou an der Natur, op esou engem schéinen Dag wie Haut -matt der Natur am Gebied verbonnen ze sinn-.” Zitat vum Här F. S. - Wéi kann een dat besser ausdrécken wann um Wee op de Përmesknupp d’Gebieder vum Rousekranz, d’Lidder an d’Prossesiouns Märsch, alles kräftig ënnerstëtzt vun de Villercher, duerch de Bësch schalen. Do geet engem d’Häerz op. Et fillt een sech verbonnen matt all deenen Generatiounen déi séit Joerhonnerten op Päischtmoundig, am Vertrauen op den HL. Pirmin, de Wee vu Kauneref op de Përmesknupp trëppelen.

An et waren der vill ganz vill déi sech vun der Parkierch duerch Duerf op de Wee gemeet hunn. Massendiger mam Kräiz , Streekanner matt Begleeder an Elteren, déi ënnerwee nach Blummen laanscht de Wee gepléckt hunn fir dass de Streekiefchen néck ze fréi eidel guff, d’Muttergottes gedroen vu jonken Dammen, vill Geeschtlech Hären - jonk an manner jonk. D’Memberen vun den aktiven an inaktiven vum CGDIS déi den Himmel droen ënner deem e Geeschtlechen Här déi schéin awer schwéier Monstranz dréit. Och déi Monstranz matt de Reliquien vum Hl. Pirmin dierf néck feelen. Prossiouns Märsch gespillt vun der Harmonie Harel an déi schéin an vertraut Lieder vun Gesank vun der Par Öewersauer-St. Pirmin hunn deenen villen Leit jonk an al déi matt gesongen an gebiet hunn, de Wee, deen dach néck sou einfach ass erliichtert. Et ass ëmmer een ergräifenden Moment wann een hannen zwëschent den Beem déi schéin Kapellchen geséit. E bëssen Nostalgie kennt do schonn op awer och Hoffnung op eng gutt Zukunft.

Vill Pilger waren well bei der Kapell versammelt, et ass Waasser verdeelt ginn ech denken déi éischten Kéier- Nom sakramentale Seegen ass d’Mass, encadréiert vun der Chorale ënner der Direktioun vum Liliane Cornette an Carlo Grotz op der Uergel, matt all deenen Geeschtlechen, ënner dem Celebrant Abbé Martin Molitor an mat Bedeeligung vun de Memberen vum Seminaire Redemtoris Mater, gefeiert ginn.

D’Festpriedigt ass vum Här Martin Molitor gehal ginn; hien huet betount, dass déi zwee Missionaren déi mer Päischten feieren, den Hl. Pirmin an den Hl. Willibrord déiselwicht Missioun haten, - d’Botschaft vu Jesus Christus ze verkënnegen an nei ze beliewen. An nach eppes wat déi zwee grouss Missionaren eis hannerlooss hunn , - dat sinn déi Quellen déi all déi Joerhonnerten néck ausgedréchent sinn, Quellen déi och Haut nach fléissen an lieweg sinn.

Hei um Përmesknupp bei der Quell sinn dem Hl. Pirmin seng Aen geheelt ginn, -- Awer krank Aen, blann sinn, kann och een Zeechen sinn dass een d’Problemer vun der Zäit néck mi kann erkennen. Datt ka bedeiten, dass e Liewen eidel ass a kee Sënn mi mécht. Alles Problemer vun senger Zäit awer ganz bestëmmt och vun eiser moderner an oft iwwerflächlecher Zäit.

Bei deenen Hl. Quellen awer kann an der Botschaft vum Herrgott nei Hoffnung an Positives entstoen.

Och an eiser Kierch a Gesellschaft ass villes am Uergen, awer et gëtt och vill Zeechen vun Hoffnung.

Den Hl. Pirmin an den Hl. Willibrord si wichtig Meilensteng an eiser Kierch an duerch Sie kann och eis Kierch nei Impulser kréien. Déi zwee waren Mënschen déi opgestan sinn an hir Missioun doranner gesinn hunn Mënschen opzeriichten.

Dës Mass ass mam feierliche Seegen an matt deem esou vertraute an ergräifenden Përmeslidd ofgeschloss ginn

Am Dall bei der Kleisschen sinn wi all Joer déi zwou Quellen geseent ginn, fir dass se am Laaf vum Joer villen Leit déi hei passéieren Trouscht an Hoffnung matt op de Wee ginn.

Participéiert hunn :

Abbé Martin Molitor, Abbé Edmond Ries, Abbé Pit Faber, Abbé Felix Steichen, Abbé Léon Weber, Abbé Fernand Huberty, Abbé Jos Roemen, Abbé Paul Müller, Abbé Josy Zeimen, Abbé Jakob Zeilinger, Abbé Marco Wehles. De Séminaire redemtoris Mater mat de Supérieuren, Père David, Père Luigi, Père Piotr an d’Seminaristen Daniel, Mario an Andrés Filipe. D’Pastoralreferentin Stephanie Kasel an Joke de Kroon.

Den Här Buergermeeschter Marco Koeune an den Här Patrick Dondelinger vum IKI (Immateriellt Kulturierwen Lëtzebuerg).