Chrëschtzäit um Përmesknupp

Ass et Iech och esou? -Lues an lues hott een es genuch matt all der Krëschtberieselung an de Geschäfter, de Stroossen an op all deenen sëlligen Krëscht a Wantermäert wou een ëmmer die selwigt Musik héiert an och d‘ Verkaafsstänn bidden néck wierklech vill Ofwiesslung. Dausenden vun Liichterchen sollen eis an Krëschtstëmmung bréngen, awer zevill ass zevill a mer sinn eigendlich just nach gestresst . - Sou ass et keen Wonner, mer villen eis wäit ewech vun där Krëschtstëmmung déi mer eis all Joer erëm an eisen Dreem virstellen.

An d'Natur goen, an do déi Stëmmung vun Harmonie, Rou an, jo, och e bëssen Geheimnisvolles fannen an eis verzaubere loossen, - All dat ass d‘ Krëschtzäit um Përmesknupp.

No Buerbelendaag gëtt ët um Përmesknupp lues an lues weihnachtlich.

Op eisem Pad, Op de Spuren vum Pëmesknupp, begéint een op Schratt an Tratt Spuren vun dëser schéinster Zäit am Joer.

Bei der Kleisschen waart de Wonschbaam am Schäin vun de Kärzen op all heemlich Wënsch déi een matt enger Flätsch dem Eechebaam unvertraue kann.

Um Bierg bei de Kapell do ginn Iech ganz sëcher Är Härzer op, - eng Krëppchen an der romantischer Kapell matzen an der Natur. - Ee klenge Cadeau fir den Einsiedler deen viru langer Zäit um Përmesknupp gelieft an gebiet hott – bestëmmt freet hien sech.

An weider op de Përmeshaff deen all Joer weider Geheimnisser fräi gëtt, - op der Buddelplaatz kann jiddereen Archeolog sinn an d‘Këschtkënnchen hott do e puer Gräpp gëlldig Stären verluer. – Der fannt se bestëmmt.

E Freidig den’owend 19ten Dezember ass dann de Stäremarsch, um 19 Auer vun der Kaunerefer Kierch duerch de Bësch an, wee weess villäicht esouguer ënner dem Stärenhimmel, op de Përmesknupp. D’Stephanie wäert äis d’Wonner vu Krëschtdag matt e puer schéine Gedanken sëcher nach méi no brengen. - Esou schéin hutt Der de Përmesknupp nach nie gesinn. Do blenken d’Kärzen an Liichterchen ëm d’Weet, et spiert een sech ërem sou wéi als Kand wéi Krëschtdag nach voller Magie an Geheimnisser war. Och de Përmeshaff ass hell beliicht an lued äis an sech beim Feier vum aalen Baackuewen ze wieremen an sech et gemittlich ze maachen. Jiddereen soll d’Gesellschaft genéissen a keen soll hongrich an duschtig heem trëppelen. Lo si mer prett fir d’Feierdeeg ouni Stress an Hektik ze genéissen.

Wärend der ganzer Krëschtzäit ass et derwäert op de Përmesknupp ze kommen awer och zu Kauneref an der schéiner Parkierch ass et derwäert d’Krëppchen mam Kënnchen an villen anere Personnagen kucken ze kommen. An hei mierkt een dann dass Kauneref an de Përmesknupp zesummen gehéieren an een harmonischt Ganzt bilden. D’Kierch ass all Dag op an waart op Iech.

Mer freeën äis op Iech an wënschen lo well schéin an friddlich Feierdeeg.