Scheckiwwerrechung vum Bicherclub

Samschdeg, de 27. Juni, huet d'Assemblée générale vum Bicherclub stattfonnt. Obwuel et dobausse ganz waarm war, hat sech eng flott Partie Memberen am Bicherclub versammelt.

Am Kader vun der Assemblée huet de Bicherclub och erëm zwee Donen vun jeeweils 3.000 € iwwerreecht: eng un de Lënster Lycée International School an eng un d'Bibliothèque nationale du Luxembourg.

Duerno kruten d'Participanten eng interessant Presentatioun iwwer d'Aarbecht vun der Bibliothèque nationale am Beräich vun der Restauratioun an der Erhale vu wäertvollen Dokumenter.