„Dat duerf ni méi geschéien!“

Een Dënschdeg, den 12. Mäerz war den Här Henri JUDA, Témoin de la 2e Génération, an der École Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck fir eng Konferenz un där d’Schülerinnen aus den 3e GSO-Klassen deelgeholl hunn. Den Här JUDA huet op eng beandrockend Manéier d’Liewensgeschicht vu senger Mamm erzielt, déi de KZ Auschwitz an den Holocaust iwwerlieft huet. Am Kontext vun dëser Konferenz, béi där och den Här Julien JOSEPH (Témoin de la 2e Génération) präsent war, huet ee Grupp Schülerinnen hir Andréck vun enger Rees am Oktober 2023 an de KZ Auschwitz präsentéiert.

Weitere Neuigkeiten von Ecole Privée Sainte-Anne >