Holocaust Remembrance Day an der École privée Sainte-Anne

An der École Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck gouf ronderëm den internationalen Holocaust-Gedenkdag och dëst Joer nees den Affer vum Nationalsozialismus geduecht. De 27. Januar selwer huet mat enger Gedenkminutt ugefaangen: zwou Schülerinnen hunn Texter virgedroen, déi un d’Affer erënneren an zum Nodenken ugereegt hunn. D’Atmosphär war roueg a respektvoll – e symbolesche Moment vum kollektiven Erënneren.

Ronderëm dësen Datum goufen zousätzlech Aktivitéiten organiséiert, dorënner eng Liesung aus dem Tagebuch vum Anne Frank, virgedroe vun der Schauspillerin Fabienne Hollwege, déi de Schülerinnen en emotionalen an nohaltegen Abléck an dat perséinlecht Schicksal vum jonke Meedche ginn huet. Ausserdeem gouf de Film „Lager 103“ vun de Mierscher Geschichtsfrënn a Scoute gewisen, deen d’Schicksal vu Resistenzler thematiséiert.

Eng Klass huet doriwwer eraus d’Synagog zu Ettelbréck besicht, fir sech méi déifgräifend mam jiddesche Liewen a senger Geschicht auserneenzesetzen.

Mat dësem ofwiesslungsräiche Programm ënnersträicht d’Schoul, wéi wichteg eng lieweg a verantwortungsvoll Erënnerungskultur ass – fir d’Geschicht als Optrag fir d’Zukunft ze verstoen.