Erënnerungswochen an der École privée Sainte-Anne zu Ettelbréck
um weitere Bilder zu sehen.
Ënner dem Motto „Never forget, always remember“ huet d’Schoulgemeinschaft vu Sainte-Anne un zwee bedeitend historesch Evenementer erënnert: den 80. Anniversaire vun der Befreiung vum KZ Auschwitz an den 80. Joresdag vun der Liberatioun zu Lëtzebuerg.
Tëscht dem 27. Januar an dem 7. Februar goufen eng Rei Aktivitéiten organiséiert, fir un dës schicksalhaft Zäiten ze erënneren. Dozou huet ënner anerem eng Gedenkzeremonie um Holocaustgedenkdag gezielt, sou wéi e Virtrag vum Här Julien Joseph, engem Zäitzeie vun der zweeter Generatioun. Weider konnten d’Schülerinnen un enger Visite guidée vun der Ettelbrécker Synagog deelhuelen, begleet vun der Madame Mireille Reuter-Schmit an den Hären Abbes Jacoby a Julien Joseph.
E wichtege literareschen Abléck gouf duerch d’Liesung vum Roland Meyer aus dem Buch „Marisha, d’Meedchen aus dem Faass“ vermëttelt. Donieft gouf de Film „D’Ierzenzopp ass gutt“ presentéiert, eng Produktioun vun de Mierscher Geschichtsfrënn an Zesummenaarbecht mat de Guiden a Scouten an der Gemeng Miersch, déi sech mam Thema Resistenz zu Lëtzebuerg auserneesetzt. Fir en zousätzlechen historeschen Hannergrond ze bidden, goufen och Visites guidées mam Här Jos Tholl am Musée Patton zu Ettelbréck organiséiert.
Ausserdeem war an der Schoul eng Ausstellung iwwert Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich ze gesinn, déi sech besonnesch op d’Ereegnesser zu Ettelbréck konzentréiert huet. Dës Ausstellung, déi vum Musée Patton zur Verfügung gestallt gouf, huet de Schülerinnen e wäertvollen Abléck an d’regional Geschicht vermëttelt.
Dës Initiativen ënnersträichen, wéi wichteg et ass, d’Vergaangenheet net ze vergiessen. D’Gedenken un dës Evenementer ass net nëmme bedeitend fir d’Éierung an d’Erënnerung un d’Affer, mee och als Verantwortung fir d’Zukunft – fir datt esou Verbriechen ni méi geschéien.