De Prënz Guillaume zu Gast an der École privée Sainte-Anne zu Ettelbréck
um weitere Bilder zu sehen.
Grouss Éier fir d'École privée Sainte-Anne zu Ettelbréck: E Méindeg, den 19. Oktober, war Son Altesse Royale, de Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg, bei de Schülerinnen op Besuch, fir hinnen de Mérite Jeunesse virzestellen.
A senger Ried huet de Prënz Guillaume dëse Programm virgestallt, deen de Jonken d'Méiglechkeet gëtt, sech an hirer Fräizäit nei Ziler ze setzen an un hiren Erausfuerderungen ze wuessen. Hien huet erkläert, wat hannert dëser Initiativ stécht a wéi vill si de Jonke fir hire weidere Liewenswee ka bréngen.
Duerno hunn d'Schülerinnen d'Wuert ergraff. D'Erika, dat beim Mérite Jeunesse d'Bronze-Medaille gewonnen huet, huet vun séngem Parcours erzielt a gewisen, wat dësen Engagement him bruecht huet. D'Iris, dat de Moment beim Mérite Jeunesse ageschriwwen ass, huet mat enger musikalescher Opféierung säin Talent gewisen an de Publikum begeeschtert.
Bei engem Verre de l'amitié ass de Moien an enger flotter Atmosphär ausgeklongen. De Prënz Guillaume huet de Schülerinnen hir Froen ausféierlech beäntwert, sech fir hir Projeten an Dreem interesséiert an hinnen erkläert, wéi de Mérite Jeunesse e wäertvollt Sprangbriet fir hir Zukunft ka sinn.
Fir d'Schoulgemeinschaft vu Sainte-Anne bleiwt dëse Besuch eng schéin Erënnerung: un e Prënz, deen sech Zäit fir d'Jugend geholl huet, an un e Moie voller Begeeschterung an Austausch.