Géint Vergiessen an fir d’Zukunft

D’Amicale LPL (Lëtzebuerger Patriote Liga) huet den 17.03.2018 zu Ettelbréck hier Assemblée Generale ofgehal. Virum Mëttegiessen gouf virum Monument bei der Kirch un all déi geduecht, déi sech 1940-1945 fir eis Fräiheet agesat hunn: “Well Dir stark wart durfe mir frei liewen”.

An der Versammlung duerno konnt D’LPL op en erfollegräicht Joer zréckkucken, ënner anerem och duerch d’Verëffentlechung vum Josy Fellens, Resistenzler an fréieren President, sengen Mémoiren. Nodeems de President Marc Fischbach en Ausbleck op nei Projeten vun der LPL gemaach hat, huet den Nico Thill en Bericht vun den Aktivitéiten vum leschten Joer gemaach. Den Keessier Pierre Huss konnt eng gesond Keess presentéieren.

Den aktuellen Comité setzt sech aus dem President Fischbach Marc, der Sekretärin Clees Josiane, dem Keessier Huss Pierre an den Comitésmemberen Ewers Marcel, Huss Lex, Thill Nico an Schoug Jos zesummen.

Den Comité mécht en Opruff un all geschichtlech Interesséierten fir Member bäi der LPL ze ginn. Iwwert Facebooksait: LPL - Lëtzebuerger Patriote Liga – Amicale oder per Email un hoffelt@pt.lu kënnt Dir gären mat eis an Kontakt trieden.