Holocaust-Gedenkdag an der École Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck

Aus Ulass vum Holocaust-Gedenkdag, deen de 27. Januar begaange gëtt, konnt de Sainte-Anne dënschdes, den 23. Januar, déi Lëtzebuerger Schauspillerin Fabienne Hollwege begréissen. D’Madamm Hollwege huet verschiddene Klassen unhand vun enger impressionanter Virféierung d’Liewen an d’Geschicht vum Anne Frank erzielt. Des Liesung war organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung a no der Opféierung hunn si mat de Schülerinnen iwwer d‘Theme Respekt an Toleranz diskutéiert. Freides, de 26. Januar, huet déi ganz Schoulgemeinschaft ee Gedenkmoment fir d’Affer vum Holocaust ageluecht an sech mam Thema auserneegesat. „Nimools vergiessen“ - dëst ass d'Botschaft, déi och an eiser haiteger Zäit omnipresent muss sinn.

Weitere Neuigkeiten von Ecole Privée Sainte-Anne >