Scheckiwwerreechung vun 325€ vu Schüler aus dem Lycée technique d’Ettelbrück

Dëst Joer huet sech ee Grupp vu 6 Schüler aus der Première 1PCM2 aus dem Ettelbrécker Lycée zesumme gedo fir Suen ze sammele fir ee gudden Zweck. D’Fondation Follereau ass houfreg op dës Initiative a seet dem Daniel, dem Edny, dem Dylan, dem Joana, dem Sandrine an dem Berina ee ganz grousse merci fir den Asaz fir d’Stroossekanner vu Ségou am Mali z’ënnerstëtzen.

D’Schüler hunn op eegen Initiativ als Spendenaktioun ee Fussballstournoi organiséiert an domat en Don vun 325€ konnten un de Projet vun der Fondation Follereau am Mali maachen. Domat ass et méiglech d’Schoulkäschten vun 14 Kanner ze finanzéieren.

Merci am Numm vun den Ekippen zu Lëtzebuerg, an Afrika, a ganz besonnesch vun de Bénéficiaire aus dem Projet, deenen duerch dëse groussen Asaz konnt gehollef ginn erem en eegestännegt Liewen ze féieren.