Symposium iwwer d'Häerzkrankheete bei de Fraen

Ettelbréck: Op Invitatioun vum Club Soroptimist Dikrech hun den Dokter Charpentier an d'Dokter Kass am Pensionat St Anne eng interessant Konferenz iwwer Häerzkrankheete bei de Fraen ofgehalen. Ziel vun der Konferenz war et, d’Wëssen iwwer d’Häerz-Kreeslaf-Gesondheet bei Fraen ze erweideren. Et goung och ëm Gesondheetsfërderung a Präventioun. Am Kader vun dësem Symposium huet de Club Soroptimist Dikrech zwee Schecke vu jee 2000.- un d'Amicale des Patients de l'INCCI an un d'Pensionat Ste Anne iwwerreecht.