IVV Wanderung

30
Apr
2017
30 Apr
Den Wanderveräin Cercle Pedestre aus der Fiels organiséiert den 30. Abrëll hir 90. International IVV Wanderung. Départ an Arrivée ass am Centre Culturel rue Medernach.
Fort goën kann een vun 07.00 bis 14.00 Auer d´Strecken vun 6 km an 12 km a vun 07.00 bis 13.00 Auer d´Streck vun 21 km. Startgeld ass 1.50 € (Kanner si fräi). Kommt an erliewt ee flotten Wanderdag an onser Regioun. Weider Informatiounen kritt Dir um Tel.: 83 74 56 (Krier Mariette). Fir weider Parkplaazen ze garantéiren steht Iech ee gratis Pendeldéngscht vum Parking Birkelt bäi der Sportshal zur Verfügung.