Hierschtäusfluch 2019

D´Amiperas Sektioun Hiefenech-Reiland hat op hiren Hierschtäusfluch invitéiert. D´Rees gung op Holzthum wou den Betriib Dick besicht ginn ass. Dee Betriib huet sech op d´Plantatioun vun Happ spezialiséiert. Hiren Happ get vun der Bitbuerger Brauerei opkaaft. Nodem de Seniorchef vum Betriib ons d´Happfelder an d´Uplazung vum Happ erklärt huet, konnte mir och dat fäerdegt Produkt probéiern. Mettegiessen war zu Bitbuerg an duerno war fräen Openthalt an dem flotten Stiedchen an der Eifel. No der Réckrees hu mir ons zu Hiefenech A Bau bei Ham, Fritten mat Zalot gestärkt.