Scheckiwwereechung

D´Fraen a Mamman vun Hiefenech a Reiland haten zesummen mat der Hiefenecher Gemeng op eng Scheckiwwereechung invitéiert. Am ganzen sinn 5000 Euro un d´ Wonschkutsch a Vertriedung vum Tania Brosius, Yasmine an Nathalie Ries gangen. Presidentin vun de Fraen a Mammen Ronny Schwartz huet hinnen ee Scheck vun 3000 Euro iwwereecht. Dat war den Erléiss vum Grillfest an den Éirewäiner déi vun de Fraen a Mammen servéiert ginn. Gemeng Hiefenech a Vertriedung vum Schäffen Pit Wilgé huet ee Scheck vun 2000 Euro iwwereecht. Dat war den Erléiss vum Dag vun de Betriiber a vum Veräinsdag. Tania Brosius huet am Numm vun der Wonschkutsch Merci gesot an huet de Veräin virgestalt. Ofschléissend huet Gemeng op een Éirewäin invitéiert.