Den Erléis vun 1.355 Euro vum Béilfest 2022 ginn un d´Mierscher Kannerduerf

Kiirzlech war eng Scheckiwwereechnung vun 1.355 Euro un d´Mierscher Kannerduerf. Dat war den Erléis vum éischten Stroossefest och Béilfest genannt vum leschte Jor. Directrice Mme Valérie Oberlé huet Merci gesot, an ons Erklärungen iwwert Geschicht vum Mierscher Kannerduerf ginn. Als Ofschloss hate mir eng Visite guidée vum Duerf. D´Organisatoren soen all deenen déi sech um Fest bedeelegt haten ee grousse Merci.