Generalversammlung vum Fielser Wanderveräin

Bäi sénger Usproch op der 45 Generalversammlung konnt de Président vum Fielser Cercle Pedestre Marc Nicolay vill Membren an Éiregäscht begréissen. Als Éiregäscht waren niewend de Vertrieder vun de lokalen Veräiner, Natalie Silva Buergermeeschtesch aus der Fiels, de Jérome Seiler Buergermeeschter vun Hiefenech an als Vertrieder vun der FLMP de Georges Kintziger présent. Bäim Aktivitéitsbericht vum Sekretär Louis Schiltz huet hien ervirgestrach dass bei der IVV Wanderung vum Abrëll an der Fiels 1.650 Wanderer an op der Wanderung am Summer zu Schous 715 Wanderer dovuner der 119 déi Marathonstreck bewältegt hun présent waren. Och de PW (permanenten Wanderwee) gouf gudd besicht, an denen 10 Jor wou de Wanderwee mat Start bäim Golf zu Chrëschtnech besteht, si bis elo 1.207 déi Streck gangen. De Veräin besteht Momentan aus 59 aktive Wanderer, bei de nationalen IVV Wanderungen vum leschte Jor hun 1.067 Wanderer sech fir de Veräin ageschriwwen dat ass eng Moyenn vu bal 16 Fielser Wanderer pro Wanderung. Och am Ausland waren déi Fielser Wanderer täteg sou ënner anerem op der Wanderolympiad zu Koblenz. Niewend den 2 IVV Wanderungen gouf 2017 och nach eng Veräinswanderung ee Merci Iessen an eng Busrees den Dezember op Metz organiséiert. No 20 Jor Sekretär vum CPL war dat dee leschte Rapport vum Louis. Hien huet dun de Veräinsstempel mam Dossier un séng Nofollgerin Josée Johann iwwereecht. Merci Wieder un de scheidenden Sekretär vum Président den dem Louis dat passend Geschenk iwwereecht huet. Bäim nächste Punkt um Ordre du Jour stung de Keeserapport vum Pol Turpel um Programm. Niewend de laufenden Einnahmen an Ausgaben stung bäi den Ausgaben ee Posten mat 4.380 Euro am Rapport. Den CPL huet lescht Jor sénge Membren 2 Polo'ën an ee Fleece zur Verfügung gestalt dofir waren 2017 méi Ausgaben wéi Einnahmen ze verzeechnen sinn. Nom Rapport vun der Keesekontroll déi eng gudd gefuert Kees présentéiert kritt hat an doduercher Decharge fir den Keesje proposéiert huet, hun d'Éiregäscht Wuert kritt. Als éischt huet Buergermeeschtesch dem CPL Merci gesot fir déi vill Reklam no baussen sou wuel fir d'Fiels wéi och fir ganz Regioun ze machen, bal 2.500 Wanderer an 2 Deeg an Regioun ze bréngen wir scho mat vill Aarbecht vernommen. De Veräin kënnt och an der Zukunft op d' Ënnerstëtzung vun der Gemeng zielen. Och vum Vertrieder vun der FLMP kumen Luewenswieder. Den CPL huet der FLMP beim Testmarathon fir den All You Can Walk wéi och um Fouermarathon gehollëf an dem's se fir Verpflegung op der Streck gesuergt huet. Hëllef ass och op dem All You Can Walk gefrot, eng Mammutorganisatioun déi den 31. Juli an 01. August an der Coque stattfëndt. Zum Ofschloss vun der Generalversammlung huet de Président Marc Nicolay Wuert gehol. Hien huet de Membren vum Comité, de Wanderer an Helfer Merci gesot fir dat Engagement war jiddereen bruecht huet ouni déi Hëllef wir ët nët Méiglech ee Veräin um Liewen halen. Ee besonnesche Merci sinn un déi Leit gangen déi sech ëm d'IVV Strecken an ëm Streck vum PW këmneren. Mat engem Présent huet hien d'Veräinssenioren/innen déi lescht Jor ee ronne Gebuertsdag gefeiert hun an déi beschte Wanderin Elvire Nober mat 880 km bei 55 Wanderungen an de beschte Wanderer Guy Schiltz mat 1.371 km bei 61 Wanderungen geéiert. Nodeems de Programm fir 2018 virgestalt gin ass huet de Président op ee Patt mat Schnittercher invitéiert.