70 Joer Nidderfeelener Jongen


Feelen : Am Joer 1952 hunn sech ee puer Jongen zesumme gedoen an ee Jugendveräin gegrënnt fir ënnert anerem d’Gedenken un déi am Krich gefale Jongen oprecht ze erhalen. Zanter hier besteet de Veräin an hëlt aktiv um Duerfliewen zu Feelen deel.

Am Undenken un déi gefale Jongen an awer och un déi mëttlerweil verstuerwe Veräinsmemberen hunn dee jéngsten aktive Member an deen eelste Member bei enger klenger Gedenkfeier eng Coupe beim Monument aux Morts néiergeluecht.

Beim Empfank am Hennesbau zu Nidderfeelen huet de Buergermeeschter Fernand Mergen mat sengem Gemengen- a Schëfferot a no senger Laudatio denen Nidderfeelener Jongen den Éierewäin offeréiert. Duerno goufen am grousse Festssaal bei engem gudde Maufel an deem eng oder anere bei flottenPatt, d’Fotoe vu vergaangenen Aktivitéiten ugekuckt an sech flott Geschichten aus der Zäit verzielt. No schéine Stonnen vun Zesummesin huet dese Konveniat säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto : Charel Reiser)