Journée du Grand Âge war e vollen Erfolleg.

Grouss Gebuertsdagsfeier am Hennesbau


Feelen: Di schéin Traditioun fir d‘Matbierger aus der Gemeng Feelen mateneen ze feieren, ass dest Joer erëm am Kulturzentrum Hennesbau zu Feelen weidergefouert gin. Zesummen mam Veräin „ Déi Jonk vu gëschter “ hat de Schäffen- a Gemengerot vu Feelen d’Bierger aus der Gemeng am Pensiounsalter mat hire Partner op d’Journée du Grand Âge“ invitéiert fir e puer gemittlich Stonnen an angenehmer Atmosphär können ze verbrëngen. Ronn 130 Matbierger waren der dësjähriger Aluedung och gaeren nokomm. No dem deftigen Festmenü, de Wëllkommensgréiss a Wierder Merci vum Buergermeeschter Fernand Mergen, den am Numm vun der Gemeng Feelen an dem Senioreveräin och allen Gebuertsdagskanner haerzlich gratuléiert huet, koum et zur Éierung vu folgend Jubilaren, déi och e klenge Kado an Empfank konnten huelen. Dat waren fir 70 Joer: Edgar Schintgen, Armand Anthon, René Brachmann, Sylvie Bache -Marnach, Peter Reinartz, Wilma Schaltz- Peters, Roger Philippe, Stefano Busto, Marguerite Antony- Bodeving an Roger Claus. Fir 75 Joer: Ginette Fellens- Kirch, Edouard Bache an Fernande Bormann- Kayser. Fir 80 Joer: Georgette Link- Corbin, Marguerite Winandy- Lentz, Laure Jedrysiak- Wantz an Joseph Kips. Fir 85 Joer: Paul Heinrich. Fir 90 Joer: Marguerite Schneider- Schleimer. Fir hir gëllen Hochzäit a 50 Joer zesumme sin, koumen folgend Partner mat schéinen Orchideen zu Éieren: Bormann Jean- Marie & Kayser Fernande. A fir hirt 60- jährigt Bestiednis an hir diamanten Hochzäit sin de Paul Heinrich & Julie Mathias souwi de Jean- Pierre Winandy mam Marie Lentz gratuléiert gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)