Kaddoen an Orchideen op der Journée du Grand Âge


Grouss Gebuertsdagsfeier am Hennesbau

Feelen: Fir d’Senioren aus der Gemeng Feelen ass d’Journée du Grand Âge“ een flotten Dag vun der Begéinung, den si bestëmmt a ganz gudder Erënnerung behaalen wäerten. Esou hat de Schëffen- a Gemengerot aus der Gemeng Feelen zesummen mat dem lokalen Senioreveräin“ Déi Jonk vu gëschter“ , an hire Memberen, am Oktober, hier Matbierger am Pensiounsalter, den Kulturzenter Heenesbau invitéiert fir zesummen a gemittlecher Atmosphäre, verbonnen mat engem deftigen Festmenü, e puer agreabel Stonnen ze verbréngen. Esou waren och ronn 110 Feelener Matbierger dëser Aluedung nokomm. No de Wëllkommensgréiss a Wieder vu Merci vum Buergermeeschter Fernand Mergen denen sech d’Presidentin vum Senioreveräin Viviane Reinartz- Krack och gaeren ugeschloss huet, konnte folgend Jubilaren e klenge Kaddo an Empfang huelen. Dat ware fir 70 Joer: Jean- Pierre Schaltz, Beby Raach, Jules Lentz, Christianne Zahles-Mergen, Marie- Louise Braun- Dax, Louis Klein, Sylvie Winckel- Trauffler a Juliette Brachmann- Lamberty. Fir 75 Joer: Anny Binsfeld- Gilson, Marie- Louise Kips- Melsen, Lydie Schanck- Nickels, Fernand Marx an Roger May. Fir 80 Joer: Jean- Pierre Winandy, Erny Schroeder an Lotty Funck- Schumacher. Fir 85 Joer: Jean Funck. Fir hir gëllen Hochzäit koumen folgend Partner mat schéinen Orchideen zu Éieren: Jean- Pierre Schaltz an Wilma Peters; Camille Braun a Marie- Louise Dax; Antonio Cuscito an Maria Milano, Jean- Marie Schmit an Sylvie Boetz. (CR ) (Foto: Charles Reiser)