Portes Ouvertes könnten besser besicht sin !


Déi Jonk vu gëschter waren ganz aktiv

Feelen: Zënter der Opléisung vun der lokaler Amiperas- Sektioun besteht de Senioreveräin „Déi Jonk vu gëschter Feelen“ elo schon 16 Joer. Di desjährig Generalversammlung am Hennesbau zu Nidderfeelen war zugläich di bäschte Geleeënheet fir Bilanz iwert engt ganzt aktivt Joer ze zéihen. Gläich am Ufank vun der desjähriger Generalversammlung, huet d’Presidentin Viviane Reinartz- Krack all Uwiesend Wëllkomm geheescht a jidderengem Merci gesoot fir di gut Zesummenarbecht mat der Gemeng, dem Komitee an alle Memberen fir hier Trei iwert dat ganzt Joer zum Senioreveräin. Wärend d’Aktivitéiten vum Joer zimlich gut besicht waren bléiwt Suergekand nach ëmmer d’Besichtigung vun de Portes- Ouvertes. Do wier de Komitee frou nach weider Memberen begréissen ze können. No enger Minut vun der Stëll huet de Fons Schmitz , a Vertriedung vun der Sekretärin Marianne Welter- Heintzen di verschidden Aktivitéiten vum Joer 2022 Revue passéeire geloos, wou nit manner wi 333 Membere niewt 19 Portes- ouvertes an 6 Comitésitzungen drun Deel geholl hun. Op dem Joeresprogramm fir 2023 ass den 11. Mee engt Spargeliesen mat Ausflug zu Pärel (D) virgesin. Den 26. an 27. Mee souwi den 13. an 14. Oktober gin Eisekuchen beim Cactus Angelduerf gebâk. Den 8. Juni ass d’Fest vun de Mammen a Pappen. Grillfest ass den 1 Juli. En Obenthalt vum 18 bis den 21. September ass zu Ostende virgesin an am Dezember ass Niklosfeier an Besichtigung vum Chrëschtmaart. Aus dem Keesebericht vum Marcelle Rodesch- Schwartz gong ervier, dat trotz engem klengen Defizit an engem Don vun 2 000 Euro fir d’Ukraine, d‘Finanzlaag vum Veräin nach gesond ass. A senger Ried huet de Buergermeeschter Fernand Mergen di ganz gut Führung vum Feelener Senioreveräin geluewt an och Detailler iwert di aktuell Renvovéierungsaarbichten am Veräinssaal zu Uewerfeelen gin, déi voraussichtlich fir September ofgeschloss solle sin. Ofschléissend huet hien dem Gemengeveräin „ Déi Jonk vu Gëschter Feelen“ nach vill schéi Momenter fir d‘Zukunft gewënscht. Beim Punkt Verschiddenes ass d’Fro gestallt gin, wat e könnt vun neie Méiglichkeeten an d’Wee leeden fir d’Veräinsliewen nach méi aktraktiv ze gestalten. Och fir di administrativ Saachen ze vereinfachen, wier et gut dat d’Memberen hir E- Mail Adress un d’Sekretärin géife weiderleeden, wat fir si an Zukunft eng grouss Erliichterung vu Bedeitung wier. Bei engem gudden Fueskichelchen an enger Taass Kaffi huet di 16. Generalversammlung vun de „ Jonk vu Gëschter Feelen“ e gemittlichen Ofschloss fond. De Komitee: Viviane Reinartz- Krack (Presidentin); Marianne Welter- Heintzen(Vizepresidentin a Sekretärin); Marcelle Rodesch- Schwartz (Keesière). Bäisëtzend Miglieder sin: Camille Braun, Léa Busto- Wingert, Georges Fellens, Aloyse Ottelé, Loni Reding- Gillen a Fons Schmitz. (CR (Foto: Charel Reiser)